Boma Nicole an den Norbär gin den 1. November fir laaaaaaaaang Zeit an Südamerika an mer (Quacki, Knusel an Fatzert) bleiwen hei heem. Mer schreiwen dann hei am Blog wat mer Spannendes erliewen an machen hinnen esou Zong lang. ;-)
Also den 1. November ass et esou weit!!!

Donnerstag, 25. November 2010

Dee gudde Mann....

1. Kapitel - Schung setzen

Verschidden Kanner hun schons lescht Woch eppes an de Schung kritt. Ech hun dat iwerdriwen fonnt well et nach 3 Wochen sind bis zum 6. Dezember. Well dee gudde Mann bei eis den Samsden an Gemeng kennt, wollt ech och de Samsden ufänken. Meeeeeeeeee, de Meinden ass mein grousst Kand vum Opa Jean heem komm an sech immens driwer opgereegt, datt den Kleeschen awer schon beim xxx an beim xxx war an NET bei him, heen ass jo awer och brav (ha ha ha). Heen huet ganz energesch sein an awer och dem Fatzert sein Schong geholl an deen bei Dier gestallt. Moies war dann och e klengt Pixi-buch dran. *seuf
Geschter hat den Kleeschen awer keng Zeit, well heen kann jo net all Daag kommen. Geschter Owend ass dun awer erem de Schon gestallt gin, well ech doutmidd war an gleich wollt mat de Kanner an Bett goen (liesen), hun ech mengem gudde Mann gesoot, heen soll dei Charge dann iwerhuelen.
De Moien 6 Auer: Knuseler freet ob heen kann erof kucke goen, ech soen natirlech JO, stouzen mein Mann an froen ganz lues ob heen och eppes dran gemach huet an wat seet deen: NEEN, do heieren ech schons de Knuseler ganz enttäuscht soen, datt awer neicht do dran ass. GRRRRRRR (MäNNER!!!!!!!!!!!!!!!). Do sin ech da schons um 6h00 opgestanen, hun mein Kand getreischt an hun him schon esou frei ganz vill Bicher virgelies.
An wat hun ech geleiert: Mech op keen verlossen an et ganz alleng machen. ;-)

2. Kapitel - sangen

Den Fatzert leiert och elo an der Crèche dat berühmt Kleeschenlidd an heen seng et och, well heen awer Problemer mat der Aussproch huet kennt just een: Leiwe Leeschen, den K kennen mer eis dann denken, awer heen ass esouuuuuuuuuuuuuuuuuuu léif. De Knuseler kann seng Lidder schons immens gudd an déi kréien ech och emmer erem virgesongen, ech free mech schon immens op den Samsden.

3. Kapitel - schlecht dreemen

Well dat jo awer erem immens vill ass fir den Knuseler, kréischt heen och vill an der Nuecht. Ech kréien heen dann och schlecht berouegt, an Moies weess heen oft néicht méi dervun. Hoffentlech kennt keen Housecker him den Samsden ze no, well soss gin ech besser déi Nuecht bei heen schloofen. :-(((

Keine Kommentare: