Boma Nicole an den Norbär gin den 1. November fir laaaaaaaaang Zeit an Südamerika an mer (Quacki, Knusel an Fatzert) bleiwen hei heem. Mer schreiwen dann hei am Blog wat mer Spannendes erliewen an machen hinnen esou Zong lang. ;-)
Also den 1. November ass et esou weit!!!

Samstag, 4. Dezember 2010

Des Woch....

Meinden-neicht extras


De Meinden huet ganz roueg ugefangen, mat ganz vill Schnéi.
Mer waren Mettes zu Deifferdeng an Kanner hun hieren Adventskalenner kritt. Allen 2 hun se een mat klengen Bichelcher dran. De Sam een vun Wieso?Weshalb?Warum?, do sin esou kleng Informationsbicher dran; Police, Pompjee, Ritter.... heen ass net esou begeeschtert well heen leiwer Geschichten huet. De Scott een vun Disney, dee gefällt dem Sam emsou besser. ;-))

Densden-FrendinBesuch

Den Densden ass eng Frendin (Noa) mettes bei de Sam spille komm. Mer, Mammen hun gudd geschnesst an Kanner hun flott gespillt, Martine hat e ganz lecker Kuch vum Oberweis matbruech. HMMMMMMMMMM

Mettwoch
De Mettwoch den 1 Dezember hun ech de ganzen Daag geschafft. De Scott war an der Crèche an et huet him gudd gefall. De Sam war bei de Schweierleit an sie waren mat him op Echternach e puer Kleeder akaafen. Den Tintins Buttek huet ausverkaaf awer sie hun natierlech guer neicht méi kritt, do waren sie an den S.Oliver-Buttek an hun all Kand 2 Pulloveren kaaf. Ganz schéin. Owes sin ech dun den Sam bei sie sichen gangen an mer sin gemittlech heem komm.

Donneschten - Katastrophe (net erfeieren)

Dat war net esou eisen Daag. Mer sollten Mettes mam Martine an den Meedecher (Bauer Laurent) an Schwemm goen (Strossen-dei ass super schéin). Kurz eier mer sollten fort fueren hun de Sam an de Scott am Gank gespillt, et ass een dem aneren nogelaaf. Kurz drop heieren ech wéi de Scott fällt, heen jeitzt eng Keier an den heiern neicht méi. Sin ganz schnell bei heen gelaaf an heen lung bewosstlos mat zounen Aen hannen um Reck. Ech hun natirlech gejaut wéi e Mellen an heen ass dun och gleich erem erwächt (dat ganzt huet max 10sek gedauert). Heen huet sech dun op Seit gedréint an gegierkst. Hun dun gleich Ambulanz geruff well heen net wollt opstoen. Beim Dan op der Arbecht war et besaat, Schweierleit waren net doheem, dun hun ech Martine ugeruff well ech awer een fir de Sam gebrauch hun. De Bauer Laurent ass heen dun mat de Schlappen sichen komm. No gudden 10 Minuten ass dun och Ambulanz komm. De Scott lung nach emmer um Bueden (hat heen op eng Decken geluecht an zougedeckt). Heen ass dun awer och opgestanen an war relativ normal. An der Kannerklinik ass heen och gleich un Réih komm. Et ass alles an der Reih, ass net geröntgt gin an mer hun och net missen do bleiwen. Alles tip top. Eng ganz jonk Doktesch war do an sie huet heen vun ennen bis uewen ennersicht. Richteg schéin.........

Fréiden -Kleeschen

De Fréiden war de Kleeschen bei den Scott an Crèche komm. De Scott war moies an der Crèche an ech sin um 14h45 mam Sam dohinner gefuer. Sie haten hieren Sall schéin gerescht an Still an Bänken opgesaat, fier war e Stull fir de Kleeschen. Deen ass dann och komm an Kanner sin mat den Erzéier dun erakomm. Sie konnten awer gottseidank gleich bei hier Eltere goen. Kanner sin dun eenzel opgeruff gin fir bei de Kleeschen eng Tut sichen ze goen. Déi meescht wollten net dohinner an hun gejaut ewéi um Spiess. Wéi et um Scott sengem Tuer war, ass heen mat engem Aafentempo dohinner (ganz elleng!!!) an huet seng Tietchen ewéi e Groussen oftholl, zevill léif.
De Sam huet och eng kritt, mee bei him huet missen Mama matgoen. gggggg
Dono hun mer nach e bessi geschnesst an sin heem gangen.