Ganz elleng war ech de Moien op Treier, hat geschter an haut frei, sou datt ech mer dat gegonnt hun. War bei de Coiffeur (sie sin erem ganz ganz kurz an deischter gefierft) an dono nach fir den Kleeschen shoppen. Hun och dein Kalenner kritt, dest Joer ass et een vum Ulli Stein. Soss geet et eis ganz gudd. Ech hat den Bouwen äer Fotoen gewisen an den Fatzert huet erch awer gleich erkannt. De Knuseler well och esou eng Reess machen, awer net bei Walen, dei waren him e bessi ze no. ;-))
Wieder ass grausam, am Moment stiermt et dobaussen an dei nächsten Deeg soll et net besser gin. Hoffen datt et de Weekend weinstens net zevill reent, well soss gin mer blöd hei bannen. Mei weess ech am Moment net ze zielen, bis geschwenn eng Keier....
dk Gw