Boma Nicole an den Norbär gin den 1. November fir laaaaaaaaang Zeit an Südamerika an mer (Quacki, Knusel an Fatzert) bleiwen hei heem. Mer schreiwen dann hei am Blog wat mer Spannendes erliewen an machen hinnen esou Zong lang. ;-)
Also den 1. November ass et esou weit!!!

Freitag, 4. Februar 2011

Des Woch!!

Des Woch war richteg kacke. De Scotty huet den Sonndeg Feiwer kritt, Meindes Moies war et awer erem besser, esou datt ech heen an Crèche gefuert hun. Geint 10h00 hun sie dun ugeruff an bescheed gesoot, datt Feiwer erem do ass. Ech sin heen dun sicher gangen. Hun bei meng Kannerdoktesch ugeruff awer dei hat keng Platz mei fir deen Daag. Sin dun op de Kirchbierg an Kannerurgence gefuer an do war et grausam, iwerall krank Kanner bestemmt 20-30 Steck. Well heen awer net esou schlecht war, sin ech mat him heem gefuer. Nom Schloofen ass dun awer guer neicht mei gangen an heen huet just gekrasch. Dun sin ech mat him an Kannerklinik gefuer an do sin mer awer relativ schnell drun komm. Heen hat eng Otite an war gaaaaaaaanz schlecht drun. 40,6 Feiwer. Den Antibiotik huet gleich ugeschloen, esou datt heen just nach an der Nuecht Feiwer hat awer deen aneren Daag war alles fort.

Densdes ass dun den Sam vum Bopa Jean heem komm an hat och Feiwer 38,6. Ech hun him dun Nurofen gin an heen ass an Bett gangen. Um 21h00 war heen dun plätsch nass am Bett, ech hun heen fresch ugedoen an heen huet ganz Nuecht gudd geschloof. Moies war guer neicht mei.

Den Mettwoch den Owend huet dun den Dan Feiwer kritt. Heen war geschter iwerhapt net gudd drun an lung den ganzen Daag am Bett. Heen hat just 3 kleng Fueskichelcher gies. Haut war heen och nach doheem.

De Moien hun ech dun eng sms vun der Joffer kritt:


Sie schätze grad iwer den Miro an den Sam ass total begeeschtert vum Thema.
An zu gudder Lescht fillen ech mech zenter de Metten och net gudd. Hun e Perdolansteppchen eran an hoffen datt et mar erem gudd ass. Hoffentlech kreien ech elo keng Gripp.
Bis geschwenn