Boma Nicole an den Norbär gin den 1. November fir laaaaaaaaang Zeit an Südamerika an mer (Quacki, Knusel an Fatzert) bleiwen hei heem. Mer schreiwen dann hei am Blog wat mer Spannendes erliewen an machen hinnen esou Zong lang. ;-)
Also den 1. November ass et esou weit!!!

Donnerstag, 25. November 2010

Dee gudde Mann....

1. Kapitel - Schung setzen

Verschidden Kanner hun schons lescht Woch eppes an de Schung kritt. Ech hun dat iwerdriwen fonnt well et nach 3 Wochen sind bis zum 6. Dezember. Well dee gudde Mann bei eis den Samsden an Gemeng kennt, wollt ech och de Samsden ufänken. Meeeeeeeeee, de Meinden ass mein grousst Kand vum Opa Jean heem komm an sech immens driwer opgereegt, datt den Kleeschen awer schon beim xxx an beim xxx war an NET bei him, heen ass jo awer och brav (ha ha ha). Heen huet ganz energesch sein an awer och dem Fatzert sein Schong geholl an deen bei Dier gestallt. Moies war dann och e klengt Pixi-buch dran. *seuf
Geschter hat den Kleeschen awer keng Zeit, well heen kann jo net all Daag kommen. Geschter Owend ass dun awer erem de Schon gestallt gin, well ech doutmidd war an gleich wollt mat de Kanner an Bett goen (liesen), hun ech mengem gudde Mann gesoot, heen soll dei Charge dann iwerhuelen.
De Moien 6 Auer: Knuseler freet ob heen kann erof kucke goen, ech soen natirlech JO, stouzen mein Mann an froen ganz lues ob heen och eppes dran gemach huet an wat seet deen: NEEN, do heieren ech schons de Knuseler ganz enttäuscht soen, datt awer neicht do dran ass. GRRRRRRR (MäNNER!!!!!!!!!!!!!!!). Do sin ech da schons um 6h00 opgestanen, hun mein Kand getreischt an hun him schon esou frei ganz vill Bicher virgelies.
An wat hun ech geleiert: Mech op keen verlossen an et ganz alleng machen. ;-)

2. Kapitel - sangen

Den Fatzert leiert och elo an der Crèche dat berühmt Kleeschenlidd an heen seng et och, well heen awer Problemer mat der Aussproch huet kennt just een: Leiwe Leeschen, den K kennen mer eis dann denken, awer heen ass esouuuuuuuuuuuuuuuuuuu léif. De Knuseler kann seng Lidder schons immens gudd an déi kréien ech och emmer erem virgesongen, ech free mech schon immens op den Samsden.

3. Kapitel - schlecht dreemen

Well dat jo awer erem immens vill ass fir den Knuseler, kréischt heen och vill an der Nuecht. Ech kréien heen dann och schlecht berouegt, an Moies weess heen oft néicht méi dervun. Hoffentlech kennt keen Housecker him den Samsden ze no, well soss gin ech besser déi Nuecht bei heen schloofen. :-(((

Sonntag, 21. November 2010

AUAAAAAAA

Mein gudde Mann ass an de Beaujolais gefall, geschter owend - einfach esou ;-)))
Komesch, datt heen de Metten guer neicht giess huet, well heen haat de Moien sein Mo awer eidel gemeet. Do ass jo elo genug Platz dran. ;-)))))
MäNNER!!!!!! grrrrrrrrrr

Mittwoch, 17. November 2010

Migräne...

... hun Flemm!!!! Gin den Freiden de Moien emol kurz op Zolwer, mol kucken wat déi do soen. Machen mer awer keng Hoffnungen well mein Vitamin B mer schons gesoot huet, datt ganz vill Léit Vitamin B brauchen ;-)))))

An wann et der zevill gett durch Pampa ze fueren, dann komm gléich heem, ech fueren am Norbär 100000000000 Kilometer durch Pampa, ouni ze meckeren. ggg
bis geschwenn....
dk quacki

Dienstag, 16. November 2010

Copy - paste

Kanns du dech nach erennern???? gggg

Samstag, 13. November 2010

sch... Wieder

Keng Ahnung winni datt ech dei leschte Keier mat den Bouwen eraus spazeiere war. Zenter e puer Deeg stiermt an reent et an engem Steck. Hun hinnen dei grouss Kescht Lego aus der Garage erausgeholl an elo leit de Gank hei ennen voller Lego.
Hun elograd am Radio heieren datt an der Concorde grousst Legobauen ass, mee ech mengen net datt ech mer dat undin. Den Fatzert schleift nämlech och nach.
De Laurent huet de Moien ugeruff, him geet et ganz gudd an 3 Wochen wann sein Film eriwer ass, dann meld heen sech nach eng Keier.
so ech gin emol Lego-bauen, giff vill leiwer geocachen goen....

dk Gw

Donnerstag, 11. November 2010

Treier...

Ganz elleng war ech de Moien op Treier, hat geschter an haut frei, sou datt ech mer dat gegonnt hun. War bei de Coiffeur (sie sin erem ganz ganz kurz an deischter gefierft) an dono nach fir den Kleeschen shoppen. Hun och dein Kalenner kritt, dest Joer ass et een vum Ulli Stein. Soss geet et eis ganz gudd. Ech hat den Bouwen äer Fotoen gewisen an den Fatzert huet erch awer gleich erkannt. De Knuseler well och esou eng Reess machen, awer net bei Walen, dei waren him e bessi ze no. ;-))
Wieder ass grausam, am Moment stiermt et dobaussen an dei nächsten Deeg soll et net besser gin. Hoffen datt et de Weekend weinstens net zevill reent, well soss gin mer blöd hei bannen. Mei weess ech am Moment net ze zielen, bis geschwenn eng Keier....
dk Gw

Montag, 8. November 2010

Eis Hex!


De Sam huet dei 2 lescht Wochen virun der Vakanz vun den Hexen geschwaat an haut konnt eng Hex mat heem kommen. Heen huet dei Mask wirklech super gudd gemach!

Freitag, 5. November 2010

Des Woch....

Am Groussen an Ganzen neicht extras. Kanner haten Vakanz an sin erem schéin verwinnt gin. ;-)
Haut hun ech just vun 7h00 bis 9h00 geschafft, dono waren mer nach bei de Biot Fleesch akaafen an hun allen 3 de Metten eng Mettesrascht gehalen. Wieder ass warm, mee net besonneg schéin.
De Sonndeg gin mer op een Geocaching event, ech mengen op Uespelt, mol kucken wat do esou lass ass. Wann et mar net zevill reent dann gin mer och cachen.
dk (dat heescht decke Kuss ggg) Quacki

Montag, 1. November 2010

geocaching

De Metten waren mer erem ennerwee: Clair-chêne-park huet de Cache geheescht. Hätt ech gewousst dass eng Station am Lavalspark gewiecht wier, hätt ech vielleicht en aneren erausgesicht Eis Jongen wollten jo natirlech op Spillplatz an net mei mat weider.
No kurzer Zeit sin mer dann fort komm, bei der Paterskirch wei e Geckegen gesicht an just mat engem Telefonsjoker den Micro fonnt an dono dann endlech an den Clair-chênes Besch. Den Final hun mer awer net fonnt an ech sin e bessi frustreiert. Ech denken net datt ech deen doen nach eng Keier sicher gin.

Départ!


An fort sin se....














Hannert der doe Fenster soutzen eis 2 Reesender!












Haut de Moien war et dann endlech esou weit, sie sin fort! Fir d'eicht mam Zuch op Koblenz - emsteigen dann op den Frankfurt/Flughafen an den Owend geint 23h00 geet et op Buenos Aires. Nemmen zur Info, Buenos Aires huet am Moment 25 Grad, de Moien huet mein Auto 9 Grad op der Stadter-gare ugewisen. Ech fannen dat net gerecht! ggg